Der Verein
Lëtzebuerger Mëttelalterfrënn Fiels a.s.b.l.
Eisen fielser Mëttelalterverein gouf am November 2003 vun enger Handvoll mëttelalter an geschichts Begeschterter an der Fiels ënnert dem Numm „Lëtzeburger Mëttelalterfrënn Fiels“ als a.s.b.l. gegrënnt.
Ziel vun eisem Verein ass et daat mëttelalterlecht Liewen vun den Leit, aus der Régioun vum heitegen Grand-Duché an virunallem aus der Gèigent emt’ Fiels nozestellen, an den Memberen sou wèi all aner Interessèierten een Anbleck an dess interessanter Zeit ze ginn. Dest geschitt andems mir un verschiddenen Manifestatiounen zu Lëtzebuerg an och am Aussland deel huelen an do eist Wëssen mat den Interessèierten Visiteuren deelen.
Fir eng glaubwürdeg an souweit et geet och historesch korrekt Duerstellung ze bidden hun mir eis dorop festgeluecht fir d’Liewen aus der Zeit vun 1180 bis 1250 duerzestellen. Also matzen am europäeschen Hèichmëttelalter. Dëst ass och virunallem fir dèi deemolëch Grofschaft Lëtzebuerg en ganz interessant Zeit, well et während deser Zeitspann zu enger Period vun Fridden an politescher Stabilitèit an der grofschaft komm ass waat zum Opschwong vum stätteschen Liewen gefouert huet.An eiser Duerstellung beschränken mir eis allerdèngs net nemmen op dat abendländescht Rittertum, mais probèieren och dèi aal Handwierkskënscht aus dëser Zeit rem operstoen ze loossen. Dëst geet iwwert schmieden, verschidden Holzarbechten, Woll spannen an wiewen, awer och iwert d’Konscht vun der Kaligraphie an der Heraldik bis zu den aalen Kampftechniken. Eben alles daat wat een Frèier an enger Klenger mëttelalterlëcher Staat wèi d’ Fiels eng war, hätt kèinten fannen. Op Autenzitèit leen mir och vill Wert. Sou versichen mir den Gros vun eiser Ausrüstung selwer no aalen Techniken hierzestellen an och souweit et mèiglech ass durch historësch Quellen ze beléën.